I am of legal drinking age
in my country of residence

Produkter

Entdeckt eis komplett Gamm vu präisgekréinte Ciders a Perries …

Original

Dëst ass eise beléifsten Cider - e liichte, sprëtzegen, medium-dry Cider.

Dëst ass eise beléifste Cider – e liichte, sprëtzegen, medium-dry Cider, haaptsächlech aus Ramboäppel, gemëscht mat weideren traditionellen Zorten wéi Boskoop, Bohnapel, Porzenapel, Lëtzebuerger Triumpf a Lëtzebuerger Renette.

Buy Online

Farmhouse

De Ramborn Farmhouse éiert d’Manéier, op déi de Cider (oder ‘Viz’) joerhonnertelaang an dësem Deel vun der Welt produzéiert gouf.

De Ramborn Farmhouse éiert d’Manéier, op déi de Cider (oder ‘Viz’) joerhonnertelaang an dësem Deel vun der Welt produzéiert gouf – dëse Cider ass ganz dry, liicht sprëtzeg, bal wéi Wäin, mat enger onverwiesselbarer erfrëschender Schäerft.

 

E gëtt charakteriséiert duerch dräi lokal Äppelzorten mat vill Tannin a natierlecher Saier, wat se perfekt fir d’Produktioun vu Cider mécht: Erbachhofer, Holzapel a Wisenapel.

Somerset Blend

De Ramborn Somerset Blend ass eng eenzegaarteg Mëschung vu lëtzebuergeschem an engleschem Cider.

De Ramborn Somerset Blend ass eng eenzegaarteg Mëschung vu lëtzebuergeschem an engleschem Cider.

 

Eis Experten hunn déi echt traditionell Äppelzorte vu Lëtzebuerg mat den alen tanninhaltegen Cider-Äppel aus dem englesche West Country kombinéiert.

 

D’Resultat ass en hellen, erfrëschenden, medium dry Cider.

Perry

De Ramborn Perry gëtt vu Biren aus ganz ale Bongerte gemaach, dorënner de Bongert Altenhoven zu Beetebuerg.

De Ramborn Perry gëtt vu Biren aus ganz ale Bongerte gemaach, dorënner de Bongert Altenhoven zu Beetebuerg.

 

E gouf kreéiert als en Deel vum Engagement vu Ramborn, fir déi sëllechen eenzegaarteg Uebstzorten aus der Géigend ze schützen an erëm bekannt ze maachen.

 

Dës traditionell Birenzorten – dorënner d’Mostbir an d’Neelchesbir – gi mat vill Léift selektionéiert a gepresst fir Perry mat vill Tannin an engem subtillen Uebstgoût ze produzéieren.

Avalon 2015

Fir d’Recolte 2015 hu mir no de vergiessene Bongerten zu Lëtzebuerg gesicht. Dobäi si mir op zwee Bongerte nieftenee gestouss mat am ganzen 82 verschiddenen Äppelzorten.

Fir d’Recolte 2015 hu mir no de vergiessene Bongerten zu Lëtzebuerg gesicht. Dobäi si mir op zwee Bongerte nieftenee gestouss mat am ganzen 82 verschiddenen Äppelzorten. Dës Äppel hu mir separat gepresst a mir ware gespaant, wat fir e Cider et géif ginn. De Jus gouf  du mat enger spezieller Hief fir Wäisswäi vergäre gelooss an als Resultat krute mir e perfekte feine Cider, deen Dir elo an dëser Fläsch hutt.

 

Dir genéisst en ideal entweder mat engem kräftege Geessekéis, deen dem Avalon séng wäinähnlech Charakteristike betount, oder mat méi engem staarke geräifte Kéis aus Koumëllech, deen dem Cider säin eegene Goût ervirhieft.

Reviews

Hopped Cider – Cascade

En Deel vun eisem Lëtzebuerger Cider hu mir mat ganzkäregem Cascade-Happ aus Amerika gemëscht.

En Deel vun eisem Lëtzebuerger Cider hu mir mat ganzkäregem Cascade-Happ aus Amerika gemëscht. De Cascade kënnt aus dem Oregon am Nordweste vun den USA. Zënter 1971 ass e weltwäit beléift bäi de professionelle Brauer fir säi charakteristischen Zitrus- a Blummenaroma.

Mir hunn eise Basis-Cider selektionéiert fir déi voll Charakteristik vum Cascade erauszebréngen, dee séngersäits déi frësch Saier vun eisen traditionelle Cider-Äppel ënnersträicht.

Reviews

Single Variety – Erbachhofer

Erbachhofer ass e klengen Apel mat festem aromateschem Fleesch mat engem gudden Equiliber u Séisst, Saier an engem liichten Tannin, deen aus dësem Apel ee vun de besonneschste Cider-Äppel aus dem Sauerdall mécht.

Erbachhofer ass e klengen Apel mat festem aromateschem Fleesch mat engem gudden Equiliber u Séisst, Saier an engem liichten Tannin, deen aus dësem Apel ee vun de besonneschste Cider-Äppel aus dem Sauerdall mécht.

2016 war eng grouss Recolte un Erbachhofer, sou dass mir en Deel vu séngem Jus fir d’Produktioun vun engem Cider aus enger eenzeger Äppelzort huele konnten. D’Resultat ass e Cider, aus 100% Jus, ouni Kuelesaier a liicht nogeséisst fir de volle Charakter vun enger vun eise beléifste lokalen Äppelzorten ze betounen.

Single Variety – Kingston Black

Ursprénglech kënnt de Kingston Black aus Groussbritannien. Et ass den ultimative Bittersharp Cider-Apel. Säi räichhaltegen Tannin a séng liicht Saier hunn aus him ee vun de meescht gefeierte Cider-Äppel op der Welt gemaach.

Ursprénglech kënnt de Kingston Black aus Groussbritannien. Et ass den ultimative Bittersharp Cider-Apel. Säi räichhaltegen Tannin a séng liicht Saier hunn aus him ee vun de meescht gefeierte Cider-Äppel op der Welt gemaach.

Ramborn Cider Co. huet mat präisgekréinte britesche Cider-Produzenten zesummegeschafft fir dësen Apel a säi komplexen elegante Cider mat de Leit zu Lëtzebuerg ze deelen.

More coming soon...